Skip to content

Latest commit

 

History

History
49 lines (24 loc) · 3.86 KB

intro.md

File metadata and controls

49 lines (24 loc) · 3.86 KB

Wëllkomm beim Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen

Dësen Atlas dokumentéiert an anlyséiert d'Variatioun vum Lëtzebuergesche fir iwwer 700 ausgewielte linguistesch Variabelen an hir sëlleg Varianten, déi aus de sproochlechen Domäner 'Foneetik', 'Lautkontakt', 'Wuertschatz & Sproochkontakt', 'Grammatik', 'Pragmatik' an 'Nimmgrammatik' kommen.

D'Date si mat Hëllef vun eiser Schnëssen-App an der Zäit tëschent 2018 an 2020 erhuewe ginn. Pro Variabel sinn d'Opname vu bis zu 2000 Leit an am Ganze méi wéi 250.000 Observatioune verschafft ginn. Dës breet Datebasis erlaabt en eenzegaartegen an zouverlässegen Iwwerbléck iwwert déi haiteg Variatioun am Lëtzebuergeschen, souwuel aus regionaler wéi och aus sozialer Perspektiv. Doriwwer eraus kann een un de Kaarten a Visualiséierungen ofliesen, wéi staark d'Lëtzebuergescht am Moment amgaang ass sech ze veränneren.



Funktionalitéiten

Kaarten

All Resultater sinn iwwert dem Menüpunkt 'Kaarten' accessibel. Déi dialektologesch Situatioun am Land gëtt mat verschiddene Kaarten illustréiert. Eng 'Iwwerbléckskaart' weist déi heefegst Variant pro Kanton oder Gemeng. Wa méiglech gëtt och eng al Kaart aus dem 'Luxemburgischer Sprachatlas' vun 1963 als Verglach gewisen, fir d'Verännerung vun der Dialektlandschaft par rapport zu haut ze visualiséieren. D''Kaarten nom Alter' ginn den Iwwerbléck vun der regionaler Verbreedung fir eeler, mëttel-al a jonk Spriecher.innen. Donieft ginn d''Variantekaarten' méi an den Detail an illustréieren déi genee Verbreedung vun enger Variant pro Gemeng.

Korrelation mat Sozialdaten

Fir déi sozial Dynamik vun der Variatioun ze analyséieren, gëtt d'Verdeelung vun de Variante par rapport zu de soziale Kategorien 'Alter', 'Geschlecht', 'Dialektgebitt', 'Ausbildung', 'Sproochkompetenz am Däitschen', 'Sproochkompetenz am Franséischen', 'Mammesprooch', 'Sproochlech Aflëss' a 'Sprooch- & Educatiounsindex' visualiséiert.

Statistesch Analysen

Ënner 'Statistesch Analysen' si verschidde statistesch Analysen ze fannen, déi d'Korrelatioun mat soziale Facteure méi am Detail ënnersiche, ënner anerem mat enger logistescher Regressiounsanalys an enger Random Forest-Analys.

Korrelatioun mat sozio-demografesche Facteure vun der Gemeng

D'Sektioun 'Korrelatioun mat sozio-demografesche Facteure vun der Gemeng' offeréiert eng weider Perspektiv op d'Variatioun, andeems den Zesummenhank vum perséinleche Variantegebrauch mat de sozio-demografesche Facteure vun der Gemeng wéi z.B. dem 'Degree of Urbanisation' (DEGRUBA), der Zuel vun den Awunner pro km2, dem 'Indice socio-économique' vum STATEC oder dem Grad vun der Immigratioun analyséiert gëtt.

Audio

Iwwer 'Audio' kann een all eenzel Audioopnam och lauschteren.

Kaartekatalog

De 'Kaartekatalog' lëscht all Kaarten op, déi an dësem Atlas ze fannen sinn. Hei kann och noch verschiddene Kategorie gesicht ginn, z.B. no eenzelne Varianten, Kontexter etc..

Bibliografie

Entringer, Nathalie, Peter Gilles, Sara Martin & Christoph Purschke. 2021. Schnëssen. Surveying language dynamics in Luxembourgish with a mobile research app. Linguistics Vanguard 7(s1). 20190031. https://doi.org/10.1515/lingvan-2019-0031.

Gilles, Peter. 2023. Regional variation, internal change and language contact in Luxembourgish: results from an app-based language survey. Taal en Tongval 75(1). 29--57. https://doi.org/10.5117/TET2023.1.003.GILL.

De Variatiounsatlas zitéieren

Gilles, Peter (2021): Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen. https://infolux.uni.lu/variatiounsatlas (leschten Accès 07.08.2021).